ech heeschen Georgette, sin letzebuergerin a 50 joer al
virun méi wi 25 joer wor ech an israel eng frendin besichen a wor schockéiert iwwert d'verhaalensweisen vun den israelier vis-à-vis vun der arabescher bevölkerung
wi ech dunn an engem bus sutz, huet eng israelesch zaldotin sech niewent mech gesat, an ech hun ugefaang mat hier ze schwätzen
si huet mîr erzielt, wéi daat esou leeft teschent israeleschen zaldoten an der arabescher bevölkerung (leit gin grondlos waarden gelooss, grondlos zesummengeschlo, gedoen sech plakech auszedoen,...) si huet dat selwer esou schokant font, dass si mam gedanken gespillt huet, sech vun hierem frend, en israeleschen zaldot, deen monter bei esou "spiller" matgemaach huet, ze trennen dat nemmen als beispiel, wéi eeklech daat ennerschwellecht ka sin, waat sech an esou besatzungszaiten ofspillen kann Zënter hier huet d'situatioun an den besaaten gebidder sech jo net verbessert, mee si huet sech katastrophal verschlechtert duerch E frend, den virun 6 joer den comité pour une paix juste au proche-orient matgegrent huet, sin ech dunn no an no méi an di "thematik" eragerutscht an huelen eben och un der marche deel den gazaouis well ech domat virun allem meng solidaritéit weisen
si sollen gesin, dass et weltweit vill leit gin, di mat hinnen fillen, di un si denken an di sech an hieren respektiven länner fir d'rechter vun den palestinenser asetzen
wann d'regierungen esou feig sin an keng konkret schrëtter ënnerhuelen, fir deen desaster ze stoppen, deen den israeleschen staat do opféiert, soll wéinstens d'zivilbevölkerung courage weisen an sichtbar zeechen setzen
duerch di marche well ech also och meng roserei ausdrecken vis-à-vis vun regierungen, di net bougéieren
All mensch huet e recht op en menschenwürdegt liewen, an deem seng primär bedierfnisser befriddegt sin fridden op der welt kann et nemmen gin, wann d'ressourcen vun eiser aerd gerecht verdeelt sin, wann all d'leit respektvoll behandelt gin ech hoffen, dass wéinstens d'hellefsgidder gudd a gaza ukommen
lundi 21 décembre 2009
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Kann ech op mein blog post vun haut opmirksam machen?
RépondreSupprimerhttp://polwirtz.blogspot.com/2009/12/lo-scheisst-israel-op-apple-powerbooks.html
Weider sou!
Pol
Pass gudd op dech op "Madame Georgette"!!!
RépondreSupprimerDenise an Laura
Avec toi. Jean-Luc
RépondreSupprimer